Ouverture

10:30 Auer : Film-Premiere vu lokale Schoulkanner produzéierte Kuerzfilmer zum Klima
Merci un d’Schoulkanner an hir Léierpersonal aus dem C4 vu Conter, Nidderaanwen a Schëtter fir dëse Projet zesumme mat youth4planet & CreatiVelo


Live Talks

11:30 Auer : Klima an Ernärung zu Lëtzebuerg (Virtrag op däitsch)
Sabine Keßler
, PhD (IBLA — Institut fir biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur Luxemburg)

13:30 Auer : Wat soen déi global Wëssenschaften zum Klimawandel a wat sinn Léisungsusätz ? (Virtrag op lëtzebuergesch)
Andrew Ferrone
, PhD (Klimatolog a Meteorolog, Chef de Service météorologique ASTA & Vertrieder vun lëtzebuergescher Regierung am Weltklimarot (IPCC))

14:15 Auer : d’Jonkfuerscher live on stage (Virträg op englesch)
Ausgewielten Ekippe vu Jonkfuerscher stellen hir wëssenschaftlech Projete vir

15:45 Auer : Klimawandel an Extreemwieder zu Lëtzebuerg (Virtrag op lëtzebuergesch)
Luca Mathias, M.Sc. (Meteorolog — MeteoLux)

16:30 Auer : Klimabonus – Wéieng Subsiden kann ech fir mein Projet kréien ? (Virtrag op lëtzebuergesch)
Lisa Maria Jungerwirth
(Conseillère en transition énergétique durable — Klima-Agence)



Kanner Programm

Betti a Litti spille mam Dreck — interaktiv Opféierung mat Theater a Video-Mapping vun Mäin éischt Null-Offallbuch“
Ëmweltberodung Lëtzebuerg
Opféierungen um : 12:45 Auer & 15:00 Auer

Muss es immer Einweg sein ?
SuperDrecksKëscht

Nature in my hands
SIAS Naturschutzteam

A villes méi…


Interaktiv Stänn vun eise Parter

Naturschutzteam vum SIAS
Maacht ären eegenen MiniGaart
Entdeckt d’Kampagn Méi net am Mee’
A wat ass iwwerhabt de Link tëscht Biodiversitéit & Klima ?
Quiz zum Theema naturno Gäert

Klimabündnis Lëtzebuerg & Action Solidarité Tiers Monde (ASTM)
Entdeckt d’Weltspill an de Parcours ekologesche Foussofdrock’! 

Mouvement Ecologique
Léiert de Projet Fixit kennen (eng gemeinsam Initiativ mam Oekozenter Pafendall)

Oekozenter Pafendall
Alles ronderëm d’Oekotopten.lu

Jonkfuerscher
Science Booth mat jonke Wëssenschaftler*innen

SuperDrecksKëscht
Ressourceverwertung & Ressourceschounung : Wat geschitt mat eise Ressourcen ? 

CreatiVelo by youth4planet
Projektioun vu Kuerzfilmer zum Klima produzéiert vu lokale Schoulkanner

Enercoop Syrdall
Léiert déi 1. Energiekooperativ am Syrdall kennen 


Antigaspi Expo

Alles iwwer de richtegen Ëmgang mat Liewensmëttel — eng Expo fir Kanner an Erwuessener 


Verkaf vu jonke Planzen

De Jeff Weydert vum Fromburger Haff verkeeft seng jonk Planzen : Tomaten a méi. Hien ass zu Lëtzebuerg een Deel vun der solidarescher Landwirtschaft, kuerz SOLAWI — eng nei Form vu Partnerschaft tëscht Produzent a Konsument


Repair Café (ab 10.30 Auer bis 18 Auer)

Am Repair Café geet et drëm fir zesummen futtis Objeten (Elektro, Holz, Vélo a méi) ze reparéieren a professionell Berodung ze kréien !


Save the Klimadag in your calendar or on Facebook : https://​fb​.me/​e​/​O​V​a​jQjUZ