15. März : Theaterstück — Die Hüter der Freiheit

15.03.2023, 19:30 Uhr
Centre Culturel A Schommesch”, Oberanven
Theaterstück in deutscher Sprache
Eintritt frei

Dir sidd alleguer häerzlech invitéiert de 15. Mäerz op ee spannenden Theaterowend op Ueweraanwen ze kommen ! De SIAS organiséiert dësen Owend zesumme mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg, Action Solidarité Tiers Monde — ASTM an de Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter a Weiler-la-Tour.

D’Stéck beschäftegt sech mat zwee aktuellen Themen zur Globaliséierung : Engersäits ginn d’Fräihandelsaccorde mam Beispill vun de Mercosur-Länner ënnert d’Lupp geholl. Op der anerer Säit gräift d’Stéck d’Thema vun den allgemenge Profiteure vun eisem Wirtschaftssystem op, wéi d’Protagoniste vun der fossiller Energiewirtschaft, déi eisem Planéit schueden. Nom Stéck bitt den Ensembel eng Diskussiouns- a Froeronn un. 

Facebook-Event : https://​fb​.me/​e​/​4​g​S​g​RjKiX