Klima- a Biodiversitéitsdag

dobäi um 2. regionalen Klima- a Biodiversitéitsdag organiséiert vum Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS. Den 12. Mee 2024 am Ressourcenzenter Minsbech. Well souwuel de Klimawandel wéi och de Verloscht vun der Aartevillfalt eis all bereffen. Mir invitéieren iech dofir op Atelieren, eng interaktiv Kannervirstellung, Stänn a Live Virträg zu den Theme Klima- a Biodiversitéitsschutz, Energie, Ressourcen, Landwirtschaft an Naturschutz. Vläit entdeckt dir um Klima- a Biodiversitéitsdag souguer nei Weeër, wéi dir mat klenge Schrëtt grouss Saache kënnt erreechen. Jiddereen ass wëllkomm, onofhängeg vum Alter !