Multivisions-Virtrag Akteure am Ackerrand

D’Naturforschende Gesellschaft Luxemburgs (SNL) invitéiert a Kooperatioun a mat der Ënnerstëtzung vun ville Partnerorganisatiounen op hiren Multivisiouns-Virtrag zum Thema Akteure am Ackerrand”. De Virtrag fënnt en Donneschdeg, 29. September 2022 ëm 19:30 Auer am Sall Robert Krieps am Kulturzentrum Neimënster an der Stad statt. De Virtrag gëtt vum Diplom-Forstingenieur a Naturfotograf Roland Günter gehal. 

Méi Informatioune zum Virtrag an wéi Dir Iech kënnt heifir umelle fannt Dir an der Aluedung.