Am Kader vum 20-järege Bestoe vun der Biologescher Statioun SIAS invitéiert Iech den Ëmwelt- an Naturschutzsyndikat SIAS an d’Gemeng Lenneng häerzlech op d’Presentatioun vun deenen Naturschutzprojeten, déi mir zesumme mat der Landwirtschaft ëmsetzen. Ofgeronnt gëtt dësen Nomëtteg mat enger klenger thematescher Wanderung (30 Minutten) duerch d’Kulturlandschaft. Denkt wgl. drun dem Wieder ugepasste Kleeder unzedoe.