Theaterstück — Die Hüter der Freiheit

Am Stéck ginn aktuell Themen zur Globaliséierung ënnert d’Lupp geholl. Nieft dem negativen Impakt vun Fräihandelsaccorde gräift d’Stéck d’Thema vun der fossiller Energiewirtschaft op. Nom Stéck bitt den Ensembel eng Diskussiouns- a Froeronn un.

De SIAS organiséiert dësen Owend zesumme mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg, Action Solidarité Tiers Monde — ASTM an de Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter a Weiler la Tour. Weider Informatiounen zum Theaterstéck fannt Dir ënner dësem Link.

Nom Theaterstéck offréiert d’Gemeng Nidderaanwen een Éierepatt.