Ouverture
10:00 Auer : Rieden
10:30 Auer : Film-Premiere vu lokale Schoulkanner produzéierte Kuerzfilmer
Merci
un d’Schoulkanner an hir Léierpersonal aus dem C4 vu Gréiwemaacher, vum
‘Am Stengert’ (Rued-Sir) an ‘Billek’ (Fluessweiler & Wuermer) fir
dëse Projet zesumme mat youth4planet
Live Talks
11:00 Auer : Info Sessioun – Klimaupassungen
Ëmweltministère (MECB), Wäibauinstitut (IVV), Gemeng Munneref & Biologesch Statioun SIAS
13:00 Auer : Science Show + Quiz
Mr Science (Joseph Rodesch)
15:45 Auer : 2000m² fir eist Iessen — Fërderung vun enger nohalteger Agrar- an Iesskultur zu Lëtzebuerg
IBLA — Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarökologie Lëtzebuerg
Kanner Programm
Betti a Litti spille mam Dreck — interaktiv Show fir Kanner
Ëmweltberodung Lëtzebuerg
Opféierung um : 14:30 Auer
Wildbienen-Nisthilfe selwer bauen
Naturschutzzentrum ‘A Wiewesch’
Liewen am Waasser : Mikroskop-Workshop
Ëmweltministère & COPIL Natura 2000
‘1, 2 oder 3 Quiz’ zu Nohaltegkeetstheemen + Jenga-Tuerm mat Froen ronderëm d’Biodiversitéit
Klimabündnis Lëtzebuerg & Action Solidarité Tiers Monde (ASTM)
Nature in my hands
SIAS Naturschutzteam
Bastelaktivitéit : Villercher aus Holzreschter
Proactif
Eis eenheemesch Natur kenneléieren
Ëmweltberodung Lëtzebuerg
Workshop ‘Plastikkonsum a seng Auswierkungen op d’Ëmwelt’
MLGreen — Ëmweltgrupp aus dem Maacher Lycée
A villes méi…
Verkafsstänn
Fromburger Haff
Verkaf vu Jonkplanzen : De Jeff
Weydert vum Fromburger Haff verkeeft seng jonk Planzen : Tomaten a méi.
Hien ass zu Lëtzebuerg een Deel vun der solidarescher Landwirtschaft,
kuerz SOLAWI — eng nei Form vu Partnerschaft tëscht Produzent a
Konsument
studiob
Holzaarbechten aus geupcycltem Holz
Proactif
Vullenhaisercher, Fliedermaus Habitat, Insektenhotel, a méi
Lëtzebuerger Rousefrënn
Verkaf vu Rousen
Uschi creates
Papeterie
SEED
Som fir d’Erhalen an d’Entwécklung vun der Diversitéit
Limelight Atelier
Blummevasen a Käerzen aus recycelten Wäifläschen
Yolande Coop
Staudeplanzen aus eegenem Ubau, Bicher (Gaart & Natur), Gebees a méi
Mea Bateman
Handgedréckten Linoldrocker mat Motiver vu Villercher a weideren Déieren
Flori F. Art & Botanics
Floral Biller aus gedréchenten Blummen
juma soap
Natur-Seefen a Natur-Käerzen
Fédération des Unions d’Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg (FUAL)
Hunneg, Käerzen, Propolis a méi
de Kolibri
Objeten vu Kënschtler & Konschthandwierker, a weider bio/lokal Produiten vu klenge Produkteuren aus Lëtzebuerg
Workshops
HUT — Hëllef um Terrain (fréier CARITAS)
Bitzatelier
Kapenaker Blooms
Léiert ären eegenen Blummenbouquet ze bannen mat lokalen Blummen
Flori F. Art & Botanics
Kaarten mat florale Motiver selwer gestalten aus gedréchente Blummen
Interaktiv Stänn vun eise Partner
Naturschutzteam vum SIAS
Léiert méi iwwer d’Biodiversitéit am Wéngert an d’Kampagn ‘Méi net am Mee’
Quiz
natur&ëmwelt, Forndatioun Hëllef fir d’Natur, Flusspartnerschaft Syr & natur&ëmwelt Sektioun Gréiwemaacher
Natur- an Ëmweltschutz a verschiddene Beräicher a Liewensräim
Klimabündnis Lëtzebuerg & Action Solidarité Tiers Monde (ASTM)
Entdeckt de Parcours ‘ekologesche Foussofdrock’!
IBLA, natur&ëmwelt & co-labor
De Projet ‘2000 m² für unser Essen’ geet op d’Zesummenhäng tëscht Ernärung, Landwirtschaft an Ëmweltschutz an
Oekozenter Pafendall
Alles ronderëm d’Oekotopten.lu
SuperDrecksKëscht
Ressourceverwertung & Ressourceschounung : Wat geschitt mat eise Ressourcen ?
ProVelo
D’Vëlolobby zu Lëtzebuerg
CreatiVelo by youth4planet
Projektioun vu Kuerzfilmer zum Klima an zur Biodiversitéit produzéiert vu lokale Schoulkanner
Ëmweltberodung
Entdeckt d’Kampagn ‘ouni Pestiziden’
Naturschutzzentrum ‘A Wiewesch’- Administration de la nature et des forêts
Wildbienen-Nisthilfe selwer bauen
EKKG — Energiekooperativ Kanton Gréiwemaacher
Léiert d’Kooperativ kennen a gitt méi gewuer iwwert d’erneierbar Energien
Ëmweltministère & COPIL Natura 2000
Gidd méi gewuer iwwer d’Natura 2000 Netzwierk zu Lëtzebuerg
Natur- a Geopark Mëllerdall
Bongerten – Virstellung vun der Onlineplattform Kierfchen.lu
Klima Agence
Individuell Energieberodung
A weider Organisatiounen…
Ausstellungen
AntiGaspi Expo
Alles iwwer de richtegen Ëmgang mat Liewensmëttel — eng Expo fir Kanner an Erwuessener
Liewenstuerm Ausstellung vum SIAS
An dëser Ausstellung léiert dir déi verschidden Déieren- a Planzenaarte kennen, déi un der lëtzebuergescher Musel virkommen.
Repair Café (ab 10.30 Auer bis 18 Auer)
Am Repair Café geet et drëm fir zesummen futtis Objeten (Elektro,
Holz, Vélo a méi) ze reparéieren a professionell Berodung ze kréien !