Reptilien zu Lëtzebuerg

Well Reptilien éischter schei Déieren sinn an sech gären an Dréchemaueren an ënner Steekéip an aneren Strukturen verstoppen, ass net esou vill iwwer hir Verbreedung gewosst. Zu Lëtzebuerg gëtt et 6 verschidden Aarten, vun deenen d’Gréng Ederes an d’Adder nëmmen nach ganz seelen hei ze fannen sinn.

Fir méi iwwert d’Verbreedung vun dësen Aarten gewuer ze ginn, gëtt et elo d’Méiglechkeet, fir datt jiddereen seng Beobachtungen vun Reptilien zu Lëtzebuerg kann iwwert d’iNaturalist App (iOS oder Android), den iNaturalist​.LU Website oder iwwert den Datenportal vum natur musée’ androen. Um iNautralist​.LU fann Dir déi aktuell Donnéen zu dësen 6 Aarten am Projet Reptilien zu Lëtzebuerg.

All des Daten ginn vum natur musée’ gesammelt a stinn de Biologen a Leit, déi am prakteschen Naturschutz aktiv sinn, zur Verfügung. Maacht mat bei dëser Aktioun vum natur musée’ an dem SIAS, esou kënnt dir ganz einfach eppes iwwert är Ëmfeld léieren an eis gläichzäiteg wichteg Date liwweren, déi mir brauche fir am Naturschutz méi gezielt schaffen ze kënnen. Véier An gesi méi wéi zwee an all Persoun, déi beim Projet matmécht, leescht e wichtege Beitrag.

Weider Infoen fannt dir op eisem Flyer an ënnert dësem Link.