Naturaktivitéiten an eiser Regioun 2021

Déi 3. Oplag vun der Broschür Naturaktivitéiten an eiser Regioun ass elo online a wäert deemnächst an de SIAS Gemengen ausgedeelt ginn. Mir si frou dass eis Broschür all Joer méi deck gëtt an dass mir Iech fir 2021 nach méi Aktivitéiten ubidde kënnen ewéi d’läscht Joer.Mir hoffen natierlech dass sech d’Lag am Joer 2021 erëm verbessert, an dass mir eis Aktivitéiten ouni ze vill Aschränkungen ubidde kënnen.