Naturaktivitéiten an eiser Regioun

Nom Erfolleg vun eiser Broschür Naturaktivitéiten an eiser Regioun” an de läschte Joer, freeë mir eis, zesumme mat der Natur- a Forstverwaltung de Projet 2023 weiderzeféieren, wann och an engem anere Format.

Am Sënn vum Ressourceschutz kënne mir et net méi vertrieden Broschüren un all d’Haushalter ze verschécken an hunn eis fir eng digital Léisung entscheed an engem änleche Format wéi déi vun der Naturverwaltung : http://​naturvb​.cluster029​.hosting​.ovh​.net/

Des Platform an d’Aktivitéite ginn natierlech och beworben iwwer e Flyer, d’Muselzeitung, d’Gemengebiet, SIAS Newsletter, sozial Medien etc. Mir géingen eis freeën wann och déi aner Akteuren, déi hier Aktivitéiten verëffentleche, Reklamm maache kéinten an et besteet och d’Méiglechkeet de Kalenner als iFrame ob ärer Homepage ze integréieren.

Et handelt sech heibei em eng regional Plattform an där all naturgebonnen Aktivitéite verëffentlecht gi kënnen.

Mir géingen eis iwwert äre Beitrag freeën. 

Dir kënnt är Aktivitéit hei registréieren, d’Deadline ass den 14. November : https://forms.gle/Xw7q5g8kz6EZjBK89