En Dag an der Natur

Tëscht dem 1. Abrëll an dem 31. August 2022 organiséiert natur&ëmwelt an Zesummenaarbecht mat hire Partner déi 25. Editioun vun der Campagne En Dag an der Natur. D’Zil vun der Campagne ass et, den Interessi vun enger grousser Unzuel vu Leit fir d’Natur ze wecken an hinnen d’Méiglechkeet ze bidden, d’Schéinheet vun de Landschaften, der Fauna an der Flora, déi eis ëmginn, ze entdecken. D’Editioun 2022 vun En Dag an der Natur besteet aus 420 Aktivitéiten, organiséiert (wat en neie Rekord duerstellt) vu méi wéi 100 Acteuren am Beräich. Och mir vum SIAS sinn Partner, sou dat Dir ons Aktivitéiten och hei fannt. De komplette Programm kënnt Dir ufroe bei natur&ëmwelt (secretariat@​naturemwelt.​lu) a kann hei op Franséisch oder hei op Däitsch erofgeluede ginn.