Dag vun der Biodiversitéit 2021

Wat ass Biodiversitéit an firwat ass déi esou wichteg ?

Ënnert dem Begrëff Biodiversitéit sinn dräi verschidden Formen vun Vilfalt vun de Planzen an Déieren zesummegefaasst. Do gëtt et d’genetesch Vilfalt innerhalb vun enger Aart, Vilfalt vun den verschiddenen Aarten an engem Liewensraum, an d’Vilfalt vun den Liewensraim, déi och nach Ekosystemer genannt ginn.

Dës biologesch Vilfalt gëtt duerch Ënnerscheeder am Klima natierlech beaflosst. Donieft beaflosse mir d’Biodiversitéit awer och duerch eis direkt an indirekt Entscheedungen am Alldag an virun allem doduerch, wéi vill an wat mir konsuméieren an wéi mir eis Ëmwelt gestalten.

D’Erhalen an d’Fuerderen vun enger héijer Biodiversitéit séchert dat natierlecht Gläichgewiicht vun all den Liewewiesen an der Natur an ass d’ Grondlag fir eis Liewensmëttelproduktioun, proppert Drénkwaasser, an enger ganzer Rei vun anere Rohstoffer. Duerch d’ Ausstierwen vun verschiddenen Planzen- an Déierenaarten geet d’Biodiversitéit erof, wat d’natierlecht Gläichgewiicht stéiert an zum Beispill zu Schädlingsinvasiounen an der Landwirtschaft féieren kann, wouduerch eis Liewensmëttelproduktioun direkt an Gefor ass.

D’Rout Lëscht ass en wichteg Dokument, dat eis seet, ëm wéi eng Aarten et manner gutt bestallt ass an wéi eng Aarten vum Ausstierwen bedrot sinn. Op Basis vun dësem Dokument kënnen mir konkret Schutzmoossnamen fir déi verschidden Aarten ausschaffen an ëmsetzen.

Am Kader vum Internationalen Dag vun der Biodiversitéit den 22.05.2021 weisen mir iech an deene nächsten Deeg, wéi mir d’Biodiversitéit fuerderen an erklären iech, wéi och dir äre Bäitrag leeschten kënnt.

Wéi kann ech perséinlech dozou bäidroen, fir d’Biodiversitéit ze fuerderen ?

Andeems dir regional an saisonal Produiten kaaft an beim Akafen dorop oppasst, datt är Liewensmëttel aus enger nohalteger an biologescher Landwirtschaft kommen, beaflosst dir d’Landschaftsbild an ärer Regioun. De Konsum vun Fësch, deen vum Ausstierwen bedrot ass, an d’Konsuméieren vun Produiten, fir déi hir Produktioun d’Tropebëscher ofgeholzt ginn, féieren direkt an indirekt zum Ausstierwen vun verschiddenen Aarten. Mee och d’ konventionell Liewensmëttelproduktioun an eise Regioune dréit duerch den Asaz vun Herbiziden an Pestiziden an duerch groussflächeg Monokulturen zum Réckgang vun der Biodiversitéit bäi. Andeems dir iech bewosst fir eng biologesch Landwirtschaft entscheet, fuerdert dir d’biologesch Vilfalt zu Lëtzebuerg an am Ausland. 

Donieft kënnt dir awer och duerch verschidden Moossnamen ronderëm äert Haus ville Déieren an Planzen e Liewensraum bidden. Duerch de Verzicht op Pestiziden an Herbiziden schützt dir net nëmmen är Gesondheet, mee schount och nach eng ganz Rei vun Nützlingen, déi Deel vun engem gesonden Ekosystem sinn. D’ Fuerderen vun den Bestëbserinsekten wéi ënner anerem de Wëlle Beien an Bommelen ass een weidere wichtege Bäitrag fir d’biologesch Vilfalt. Dës Insekten spillen eng wichteg Roll bei der Produktioun vun Uebst- an Geméis an der Landwirtschaft, an ouni si géing e Groussdeel vun eise Planzen ausstierwen. Méi Infoen zu verschiddenen Méiglechkeeten fannt dir op eiser Homepage ënnert Mein Beitrag für eine vielfältige Umwelt.

Eng Méiglechkeet, fir d’Biodiversitéit an virun allem d’Insektenvilfalt ronderëm d’Haus ze erhéijen, ass d’ Uleeën vun enger Blummewiss. Als Aktioun fir den Dag vun der Biodiversitéit offréieren mir iech dofir 10 m² Blummewiss. Wann dir un dëser Offer interesséiert sidd, dann kontaktéiert eis ënnert biologeschstatioun@​sias.​lu. Opgepasst, déi éischt sinn fir !

Wat mécht meng Gemeng fir méi Biodiversitéit an den Dierfer ?

Eis Gemengen engagéieren sech duerch hir verschidden Projeten am Naturschutz fir méi Biodiversitéit an den Dierfer. Am urbane Raum ass d’Biodiversitéit oft net besonnesch héich, wat ënner anerem mat deene ville versigelten Flächen an der Gestaltung vun den Gréngflächen zesummen hänkt. Well et am urbane Raum awer oft Flächen gëtt, déi net sou intensiv genotzt ginn, kann een duerch verschidden Moossnamen Liewensraum fir eng ganz Rei Déieren an Planzen schafen, déi ëmmer manner an der fräier Natur ze fannen sinn.

Fir méi eng héich Vilfalt un Planzen an den ëffentlechen Grénganlagen ze schafen an sou den Insekten Pollen an Nektar ze bidden, leeën mir zesumme mat den Gäertner Blummewisen an Wëllstaudenbeeter un. Donieft beroden mir d’ Gemengen beim Ophänken vun Schmuewelskëschten an anere Nisthilfen fir Villercher. D’Uleeën an d’ Ënnerhalen vun Gemengebongerten ass ee Beispill fir de Schutz vun engem Ekosystem.

Mir schaffen zesummen mat de Gemengen och fir den Schutz vun Aarten, déi hei zu Lëtzebuerg vum Ausstierwen bedrot sinn. Dozou gehéieren ënner anerem verschidden Fliedermais, Vigel, an Planzen.

Wann dir méi wëllt iwwer déi verschidden Aktiounen an ärer Gemeng gewuer ginn, dann kënnt dir eis gären kontaktéieren ënnert biologeschstatioun@​sias.​lu.

Wéi kann ech op menger Aarbecht fir méi Biodiversitéit suergen ?

Mir verbréngen e Groussdeel vun eisem Liewen an der Schoul oder op der Aarbecht. Och dës sinn Plazen, wou een eppes fir d’Erhalen an d’Fuerderen vun der Biodiversitéit maachen kann. Gewerbegebidder zeechnen sech oft duerch eng héich Flächenversigelung an eng niddereg biologesch Vilfalt aus. Zemools an Industriezonen gëtt et vill net genotzt Flächen, déi e grousst Potential fir eng ekologesch Ëmgestaltung an Steigerung vun der Biodiversitéit hunn. Nieft engem wichteg Bäitrag fir den Naturschutz kann een sou och d’Alentouren vum Betribsgebai verschéineren an en agreabelt Aarbechtsëmfeld schafen.

Andeems een eng aarteräich Blummewiss ronderëm d’Bürosgebai uleet, bitt een villen Bestëbseraarten Nahrung. D’ Planzen vun Uebstbeem bitt villen Déieren e Liewensraum, dréit zum Klimaschutz bäi an huet donieft och nach de Virdeel, datt een am Summer an Hierscht frëscht Uebst um Büro huet. Dat hei sinn just puer vun villen Méiglechkeeten, mat deenen een op der Aarbecht d’ Biodiversitéit fuerderen kann.

An deem Sënn beréit de SIAS elo och Entreprisen zu den verschiddene Moossnamen, déi um Terrain vun der Entreprise kënnen ëmgesat ginn. Wann dir Interesse un sou enger Berodung hutt oder méi iwwert de Projet wëllt rausfannen, dann kënnt dir ënner biologeschstatioun@​sias.​lu mat eis Kontakt ophuelen.