Fir eng ëmweltfrëndlech an nohalteg Relance

Wat d‘Aktivitéit vu myenergy betrëfft, goufe verschidde Primmen an de Beräicher energetesch Renovatioun, nohalteg Anlagentechnik, ausserdem fir Photovoltaikanlagen an elektresch Gefierer annoncéiert.

All d‘Informatioune fannt Dir op cleverprimes​.lu.

CLEVER WUNNEN – Primme fir energetesch Renovatioun an nohalteg Anlagentechnik

Tëschent dem 20. Abrëll 2020 an dem 31. Mäerz 2021 ginn d‘Primme fir energetesch Renovatioun a fir Berodungen durch zougeloosse Beroder ëm 50% erhéicht. D’Primm fir nohalteg Anlagentechnik gouf ëm 25% erhéicht. Privatpersoune kënnen ausserdeem vun engem zousätzleche Bonus fir den Austausch vun engem fossil-bedriwwenen Heizungskessel profitéieren.

Op cleverwunnen​.lu a myenergy​.lu fënnt een all déi nei Primmen, déi mir Top-up PRIMe House nennen.

Och d’myrenovation-App gëtt an der nächster Woch aktualiséiert.

D’Clever Wunnen-Campagne fänkt Enn Juni un. Eng Relance ass no der Summer-Vakanz programméiert. Fir d’Effikassitéit vun dëser Campagne ze fërderen, awer och fir d’Zuel vun de Berodungen an Ärer Gemeng z’erhéijen, proposéiere mir Iech d’Annoncen a Banneren op Ären Internet- a Facebooksäiten anzesetzen (eng iwwer d’Renovatioun an/​oder eng fir d’Auswiesselen vun ale fossil-bedriwwene Kesselen).

CLEVER SOLAR – Primme fir d’Solarenergie-Produktioun

Am Kader vum Neistart Lëtzebuerg-Programm goufen och d‘Aspeistariffer fir Photovoltaik vum Joer 2020 op den 31. Mäerz 2021 erweidert. Ausserdeem ginn d’Leeschtungskategorië fir Photovoltaikanlagen tëscht 30 an 200 kWp erweidert. Dës nei Kategorie went sech esouwuel u Privatleit déi grouss Flächen zur Verfügung hunn, ewéi och u Firmen déi am Allgemengen iwwer gréisser Diecher verfügen. Domat ass et elo méiglech, Anlage mat enger Leeschtung vun iwwer 30 kWp opzestellen ouni eng Kooperativ grënnen ze mussen. 

Déi nei Aspeistariffer kënnen och mam nächsten Update an der myrenovatioun-App gerechent ginn.

Di entspriechend Kommunikatiounscampagne fänkt den 29. Juni un. Mir invitéieren och heifir Iech als Gemeng d’Informatiounen un Är Bierger weiderzeleeden. Fir all Kategorië besteet eng Annonce : fir kleng Solaranlagen (30 Kw max.) fir Privatpersounen, fir Kooperativen, a fir déi nei Leeschtung vun 30 bis 200 kW. D’Illustratioune stinn op L oder F zur Verfügung (just eng pro Sprooch). Zéckt net Iech ënner bei ons ze mellen !

Am Kader vun der Campagne huet myenergy och e Concours op Facebook virgesinn : Solarenergie am Fokus“. Bei der Promotioun vun dësem Concours géife mir eis iwwert Är Ënnerstëtzung freeën. Weider Informatioune kommen no !

CLEVER FUEREN – Primme fir Elektro-Gefierer

Fir d’Zieler am Kader vum nationalen Energie- a Klimaplang z’erreechen huet d’Regierung och d’Primme fir emissiounsfräi an emissiounsaarm Gefierer erhéicht ! Déi nei Primme gëlle vum 11. Mee 2020 bis den 31. Mäerz 2021 :

  • 8.000 € fir en neien 100 % elektreschen Auto oder Camionnette
  • Bis zu 1.000 € fir en neit 100% elektresch Gefier (liicht-Kategorie)
  • Bis zu 600 € fir e Vëlo (och Kannervëloen)
  • D’Primme fir Plug-In-Hybrid-Gefierer bleiwen onverännert.

All d’Informatiounen heizou fannen Är Bierger op cleverfueren​.lu, wou och eng Rei FAQ zur Verfügung stinn. E klengen Depliant kann och erofgeluede ginn.