Programm

  • 10:00 Auer : Faire Kaffi 
  • 11:00 Auer : Offiziell Begréissung uschléissend Film-Première vu lokale Schoulkanner produzéierte Kuerzfilmer 
    Merci un d’Schoulkanner an hir Léierpersonal aus dem C4 Am Stengert’ (Rued-Sir) fir dëse Film-Projet zesumme mat youth4planet
  • 13:30 Auer : Science Show Professors Highlights” mat spannenden Experimenter zu Klima & Energie
    Die Physikanten
  • 14:30 Auer : Interaktiv Show fir Kanner : Betti a Litti spille mam Dreck
    Ëmweltberodung Lëtzebuerg
  • 15:30 Auer : Virtrag : Fuerschung a Biodiversitéit an der Gemeng Betzder” 
    Naturmusée
  • circa 16:00 Auer : Trëppeltour Biodiversitéit ronderëm Rued-Sir” 
    mat de Biologen a Fuerscher vum Naturmusée a SIAS
     

Workshops

  • Som ënnerwee  Wéi verbreet sech de Som ?
    Mat der Lupp Schofspelz ënnersichen, kucke firwat eng Planz lecker Friichte mécht, an Titercher fëlle mat eenheemesche Wëllplanzen fir matheemzehuelen
    Naturschutzzentrum A Wiewesch’ 
  • Foto-Box mat Déieremasken
    SIAS-Naturschutzteam
  • Insektenhotels selwer bauen
    Naturverwaltung — ANF Triage Betzdorf
  • Upcycling-Bitzatelieren — Patchwork mat Stoffreschter & visible mending”
    HUT — Hëllef um Terrain 
  • Upcycling-Aktivitéit Villercher aus Holzreschter bastelen”
    Proactif
  • De liewege Buedem – de neie pädagogesche Koffer
    De Buedem nei entdecken an d’Liewen doranner beobachten a verstoen 
    Ëmweltberodung Lëtzebuerg
  • Holzschnëtz-Atelier 
    Guiden a Scouten Rued-Sir
  • Kaarten mat gedréchenten Blummen gestalten
    Flori F. Art & Botanics
  • Workshop mat der Stempel-Technik
    Mea Bateman
  • a méi

 

Repair Café (ab 10 bis 17 Auer)

Futtis Objeten (Elektro, Holz, Vélo a méi) flécken a professionell Berodung kréien !

 

Verkafsstänn

  • Secondhand-Maart
    Dir hutt Saachen doheem, déi dir net méi braucht a gäre géingt verkafen ? Um Secondhand-Maart sinn nach e puer Dëscher fräi. Mellt iech séier un : reception@​betzdorf.​lu
  • Yolande coop
    Jonkplanzen aus eegener Gäertnerei zu Betzder, Bicher (Gaart & Natur), Gebees a villes méi 
  • Equisolidaire
    Jonkplanzen aus eegener Gäertnerei zu Ouljen
  • Proactif
    Vullenhaisercher, Fliedermaus Habitat, Insektenhotel, a méi
  • Lëtzebuerger Rousefrënn
    Pestizidfräi Rousen a weider Produiten ronderëm d’Rous
  • SEED 
    Geseems aus Lëtzebuerg (fir d’Erhalen an d’Entwécklung vun der Diversitéit)
  • Mea Bateman
    Handgedréckten Linoldrocker mat Motiver vu Villercher a weideren Déieren
  • Flori F. Art & Botanics
    Floral Biller aus gedréchenten Blummen
  • Terre ReBelle
    Natur-Seefen a plastikfräi Natur-Kosmetik 

 

Ausstellungen

  • Expo As Time Goes by”
    Fotoen a Videoen weisen, wéi de Klimawandel Lëtzebuerg iwwer déi lescht 50 Joer verännert huet
  • AntiGaspi Expo
    Alles iwwer de richtegen Ëmgang mat Liewensmëttel — eng Expo fir Kanner an Erwuessener
  • Liewenstuerm Ausstellung vum SIAS
    An dëser Ausstellung léiert dir déi verschidden Déieren- a Planzenaarte kennen, déi un der lëtzebuergescher Musel virkommen.

 

Interaktiv Stänn 
 

  • Naturschutzteam vum SIAS  
  • natur&ëmwelt, Fondatioun Hëllef fir d’Natur, Flusspartnerschaft Syr, natur&ëmwelt Sektioun Gréiwemaacher, Sektioun Ieweschte Syrdall
    LIFE Bats & Birds
    Birdringstation Schlammwiss’ a villes méi
  • Klimabündnis Lëtzebuerg & Action Solidarité Tiers Monde (ASTM)
    Quizrad zu den Themen Klimawandel, Mobilitéit, Energie a global Gerechtegkeet ! 
  • Oekozenter Pafendall
    Alles ronderëm d’Oekotopten.lu
  • SuperDrecksKëscht
    Ressourceverwertung & Ressourceschounung : Wat geschitt mat eise Ressourcen ? 
  • Fairtrade Lëtzebuerg
    Alles iwwert ee Fairen Handel
  • Landjugend Jongbaueren
    Fro de Bauer – Initiativ fir iwwer landwirtschaftlech Themen opzeklären
  • CreatiVelo by youth4planet
    Projektioun vu Kuerzfilmer zur Nohaltegkeet produzéiert vu Schoulkanner vu Betzder
  • EKKG — Energiekooperativ Kanton Gréiwemaacher
    Léiert d’Kooperativ kennen a gitt méi gewuer iwwert d’erneierbar Energien
  • Klima Agence
    Expertise zur Energiewend, Klimaschutz, nohaltege Wunnen, Elektromobilitéit a villem méi
  • SIGRE
    Kompost, ee lokalen Dünger

 

Späichert iech de Klima- a Biodiversitéitsdag gären an ärem Kalenner of. D’Facebook-Event fannt dir hei : https://​fb​.me/​e​/​5​W​V​h​UNC5d